
D’Première Dame wier de leschte Freideg um lénksen A un der Netzhaut operéiert ginn, heescht et e Dënschdeg an hirem Ëmfeld. Den Agrëff wier geplangt gewiescht a gutt verlaf.
D’Zeitung “Paris Match” huet iwwerdeem e Video publizéiert, an deem hir Duechter Laurence Auzière ze gesinn ass, déi um Bord vun engem Moudendefilé zu Paräis e Videouruff vun hirer Mamm kritt. Um Handy ass d’Brigitte mat engem schwaarze Kleed an engem blo getéinte Sonnebrëll ze gesinn. Ze héieren ass, datt si eng “Operatioun” erwäänt.
D’Brigitte Macron hätt eigentlech och op de Moudendefilé an der Paräisser Villa wëlle kommen, an där d’Laurence Auzière aktuell e puer Konschtwierker ausstellt, mellt “Paris Match”. “Si dierf d’Haus net verloossen”, erkläert hir eelst Duechter Laurence.
Den Emmanuel Macron hat och wéinst engem Problem mat den Aen e Sonnebrëll un. Him war wärend engem Fluch e Bluttgefääss am A geplatzt. Bei engem Rendez-vous op engem Loftwaffestëtzpunkt a Südfrankräich hat hie sech fir dat “onschéint Ausgesinn” vu sengem A entschëllegt a vun engem “A vum Tiger” geschwat.
Méi spéit hat hie wärend enger Ried beim Weltwirtschaftsforum zu Davos e verspigelte Pilotebrëll un, wat zu sëllege Kommentare gefouert huet, ënner anerem vum US-President Trump. Verschiddener hunn och e Verglach zum fréiere Bundeskanzler Olaf Scholz gezunn, deen, nodeems hie gefall war, e blot A mat enger Aeklapp verstoppt huet. Eng Foto vum Macron mam Sonnebrëll zu Davos war op sëllegen Titelsäite vun internationale Medien ze gesinn.
Liest och eisen Artikel zum Emmanuel Macron a sengem Sonnebrëll: