"Macron looks like a bad boy" (Trump)Firwat huet den Emmanuel Macron déi ganzen Zäit säi Sonnebrëll un?

RTL Lëtzebuerg
De franséische President ass um World Economic Forum zu Davos mat Sonnebrëll bannen opgetrueden.
© FABRICE COFFRINI/AFP

De Fait, datt de Macron déi ganzen Zäit e Sonnebrëll unhuet, huet an der Lescht fir vill Opmierksamkeet gesuergt. De franséische Medien no huet dat awer medezinesch Grënn: Hie leit un engem geplatzte Bluttgefääss am A, wat zwar harmlos ass, awer visuell opfält.

Den Emmanuel Macron hat dat schonn eng Woch virdru bei der Neijoerschreceptioun vun der Arméi ugeschwat an deemools de Grond fir de Brëll als “onschëlleg” bezeechent. Hien huet esouguer de Geck domat gemaach a säin An “l’œil du tigre” genannt – als “Zeeche vun Determinatioun”.

Firwat huet den Emmanuel Macron déi ganzen Zäit säi Sonnebrëll un?
De franséische President ass um World Economic Forum zu Davos mat Sonnebrëller bannen opgetrueden.

Dokteren erklären, datt de Brëll net medezinesch néideg, mee éischter aus ästhetesche Grënn gedroe gëtt, och fir Spekulatiounen iwwer säi Gesondheetszoustand ze vermeiden. Op de soziale Medien hu vill Leit Witzer doriwwer gemaach, anerer hu gemengt, säi Look géing ausgesinn wéi an “Top-Gun”. Den Donald Trump sot um Méindeg, datt de Macron elo wéilt ee “Bad Boy"-Look probéieren.

Trotz der Diskussioun ronderëm säi Stil huet de Macron zu Davos däitlech Wierder fonnt a virun Autokratie, Muechtpolitik an Tariffer gewarnt, besonnesch am Zesummenhang mam Donald Trump sengen Menacë géint europäesch Länner.

Back to Top
CIM LOGO