Ongewéinleche KaddoBritte solle mat E-Zigarett mam Fëmmen ophalen

RTL Lëtzebuerg
A Groussbritannien sollen eng Milliounen Fëmmerte gratis E-Zigarette kréien, fir si z'encouragéieren, mam Fëmmen opzehalen.

De brittesche Gesondheetsministère mellt, datt et Zil wier, datt bis 2030 manner wéi 5 Prozent vun der Populatioun fëmmen.

Donieft solle schwanger Frae finanziell encouragéiert ginn, mam Fëmmen opzehalen. Bis ewell géif nämlech nach bal all 10. Fra wärend der Schwangerschaft fëmmen.

Dëse Programm soll iwwer zwee Joer ëmgerechent ronn 51 Milliounen Euro kaschten.

Back to Top
CIM LOGO