Op Kamera festgehalenBrittesch Touristen iwwerliewe Lawin a Kirgisistan

RTL Lëtzebuerg
E Grupp vun 10 britteschen Touristen huet an de kirgiseschen Tian-Shan-Bierger eng Lawin iwwerlieft. De Schockmoment hu si op Kamera festgehalen.

Am Video, deen ee vun den Touristen op Instagram eropgelueden huet, kann ee gesinn, wéi eng massiv Schnéilawin mat immenser Vitess aus de Bierger op de Grupp duerkënnt. Wéi duerch ee Wonner ass keen am Grupp eeschthaft blesséiert ginn. Eng Fra hat sech eng Schnëttwonn zougezunn, bei enger anerer Fra gouf et och leedeglech eng liicht Blessur.

De Mann hannert der Handyskamera, den Harry Shimmin, ass sech entretemps och bewosst, wat fir eng Chance si haten. “Wa mir nëmme fënnef Minutte weidergelaf wieren, wiere mir alleguer dout gewiescht.” Souwuel hien, wéi och säi Wandergrupp konnten am leschte Moment nach Schutz hannert e puer Fielse fannen. “Wéi de Schnéi iwwert mech eragebrach ass, et däischter a schwéier z’ootme gouf, hunn ech gemengt, ech géif villäicht stierwen. Et huet sech ugefillt wéi an engem Schnéistuerm.”

D’Tian-Shan-Bierger befanne sech an Zentralasien an erstrecke sech iwwer Kasachstan, Kirgisistan, Tadschikistan, Usbekistan a China. Lawine wéi dës ginn duerch de Klimawandel begënschtegt, duerch dee Gletscher méi séier schmëlzen. Réischt ufanks vum Mount sinn 11 Persounen an Italien no engem Gletscher-Broch ëm d’Liewe komm.

https://www.rtl.lu/news/international/a/1939339.html

Back to Top
CIM LOGO