Mirror Group huet Responsabilitéit iwwerhollButler vu Prinzessin Diana kritt Entschiedegung wéinst "Oflauschteraktioun"

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Mailbox vum fréiere Vertraute vun de Lady Di Jorelaang illegal ofgelauschtert gi war, gouf de Verlag vum "Daily Mirror" en Dënschdeg verurteelt.
De fréiere Butler vun der Lady Di, de Paul Burrell.
De fréiere Butler vun der Lady Di, de Paul Burrell.
© AFP/Archiv/SHAUN CURRY

D’Mirror Group huet en Dënschdeg viru Geriicht zouginn, fir d’Oflauschtere vun der Mailbox vum fréiere Butler vun der verstuerwener Prinzessin Diana, dem Paul Burrell, responsabel ze sinn. Dofir gouf de Verlag vun der Boulevardzeitung “Daily Mirror” elo zu enger Indemnitéit un de Paul Burrell verurteelt. Wéi héich d’Entschiedegung ausfält, gouf net genannt.

Deemno gouf d’Mailbox tëscht de Joren 1995 an 2008 ofgelauschtert. Also och wärend der Scheedung vun der Lady Di an dem deemolegen Trounfollger Prënz Charles, bis wäit nom Doud vun der Prinzessin am Joer 1997.

En Affekot vum Verlag huet virum Londoner High Court eng “opriichteg Entschëllegung” vun der Mediegrupp virgelies a garantéiert, datt de Verlag “ni méi esou Doten” géing maachen. Wéi et vum Affekot vum Paul Burrell heescht, hätt “d’Oflauschteraktioun” dozou gefouert, datt d’Relatioun tëscht dem Butler an der Prinzessin sech ofgekillt hätt, “well si zu Onrecht gegleeft huet, datt privat Informatiounen an d’Press weidergereecht gi wieren”.

Ufank den 2000er Joren gouf et sëllege Skandaler an der brittescher Press ëm d’Oflauschtere vun Dosenden Telefone vu Prominenten.

Back to Top
CIM LOGO