
Wéi d’Police vun der nordrhein-westfalescher Stad an de Parquet vu Bochum e Méindeg matdeelen, koum de 40 Joer ale Mann an Untersuchungshaft.
Den Hiweis op d’Plantage koum e Freideg vun engem Zeien, deen e staarke Cannabisgeroch aus der Hal gemellt huet. Beim Duerchsichen op der Plaz hunn d’Beamten Hanfplanzen, d’Recolte an Ekipement, fir unzebauen, fonnt a saiséiert.
Béid Männer sinn aus Recklinghausen a stinn am Verdacht, illegal Cannabis ugebaut ze hunn. Géint den 43 Joer ale gëtt et kee Mandat d’arrêt, ma hie muss sech reegelméisseg bei der Police presentéieren. Déi genee Zuel u Planzen ass nach net gewosst.