Leschten Optrëtt um RiednerpultChamber wierdegt Fernand Etgen op sengem leschte Schaffdag um Krautmaart

Claude Zeimetz
Dem Fernand Etgen säi leschte Schaffdag war op alle Fall e laangen.
© Flickr chambrelux

Dem Fernand Etgen säi leschte Schaffdag / Claude Zeimetz

No iwwer 12 Stonnen Debatten, déi hien deels och eng leschte Kéier selwer geleet huet, huet d’Chamber dem DP-Norddeputéierte Fernand Etgen “Äddi gesot”. Deen huet et sech fir säi leschten Optrëtt iwwert dem Riednerpult net huele gelooss, fir deen een oder anere Witz fléien ze loossen, wéi hien de Parlamentarier d’Ried ginn a sech eng allerleschte Kéier un de Plenum adresséiert huet.

De fréiere Chamberpresident hat den hallwen Oktober bei eis op der Antenn annoncéiert sech mat 68 Joer aus der aktiver Politik zréckzezéien.

A sengem Hommage huet de Chamberpresident Claude Wiseler op déi laang politesch Karriär vum Norddeputéierten zréckgekuckt, déi a jonke Jore mat grad mol 22 Joer zu Feelen an der Gemengepolitik ugefaangen huet. De Claude Wiseler huet säi Virgänger an aktuelle Chamber-Vizepresident als e Politiker beschriwwen, deen zanter 46 Joer ëmmer mat Begeeschterung bei der Saach gewiescht wier, gär bei de Leit a sech selwer ni ze vill seriö geholl hätt. An déif verwuerzelt mat senger Heemecht, dem Norden.

Hommage Claude Wiseler un de Fernand Etgen

Fir de Feelener réckelt de Marc Hansen no, deen et als Drëttgewielten op der Nordlëscht bei de leschte Chamberwalen net am éischten Ulaf an d’Parlament gepackt hat. Den Ex-DP-Minister gëtt den 20. Januar an den DP-Reie vereedegt. De Fernand Etgen kritt den Titel als Éiere-Chamberpresident.

Back to Top
CIM LOGO