
Zanter zwou Woche geet et a China drënner an driwwer. All Moie ginn ech mat neien Noriichte waakreg: keng Code méi, kee Lockdown a keng obligatoresch Tester. Nouvellen, op déi ech zanter iwwer zwee Joer gewaart hunn. An och an de globale Medie schéngt Konsens kloer ze sinn: China gëtt 0-Covid op. Alles mécht nees op.
Wa China normalerweis probéiert, all Zort vun Noriichten an d’Ausland ze zenséieren, schéngt et lo de Contraire: Reportagen doriwwer, dass hei elo alles rëm normal ass, a China geschwënn rëm wéi de Rescht vun der Welt lieft, ginn aggressiv an de Medie gepusht.
D’Wourecht gesäit awer ganz anescht aus. No Jore vun Aschränkungen a Sécherheetsmesurë géing ee mengen, dass d’Leit géingen op d’Stroosse lafen an hir nei Fräiheet genéissen. Mä Akafszentren a Restauranten si sou eidel wéi ni. Eis nei Fräiheet kënnt nämlech mat engem grousse Risiko: de Covid verbreet sech wéi e Feier.
Wouriwwer net geschwat gëtt, sinn déi Dausenden Infektiounen all Dag an d’Doudeszuelen, déi an d’Luucht ginn. Wouriwwer och net geschwat gëtt, ass d’Panik, déi sech lues a lues verbreet, well de Virus hei am Land bis elo nëmmen theoretesch existéiert huet an d’Leit elo déi éischte Kéier zanter iwwer zwee Joer mat der Krankheet konfrontéiert ginn. Wouriwwer net geschwat gëtt, ass, dass de Groussdeel vun der Populatioun nach ëmmer net geimpft ass a Leit stonnelaang dobaussen an der Keelt stinn, fir sech elo picken ze loossen. Schlaange virun Apdikte gi ronderëm de Block a Féiwer-Medikamenter wéi Ibuprofen oder Paracetamol ginn iwwerdeiert verkaf.
China ass elo do, wou de Rescht vun der Welt virun engem Joer war. Mat engem groussen Ënnerscheed: keen ass hei drop virbereet. No knapps enger Woch komplett ouni Sécherheetsmesurë sinn d’Urgencen an d’Féiwerkliniken zu Shanghai scho komplett ausgelaascht a mam Wanter gi sech nëmmen nach méi Infektiounen erwaart.
Ech perséinlech fille mech vun dësem Land am Stach gelooss. No zwee Joren drakonesche Sécherheetsmesuren, déi mech meng Fräiheet an heiansdo bal mäi Verstand kascht hunn, gëtt et elo ee ganz klore Message vun der Regierung: Kuckt, dass der eens gitt.
Jo, mir si fräi. Theoretesch. An awer hunn ech d’Gefill, wéi wann ech en Déjà-vu géing duerchliewen. Erëm heescht et fir mech “Mask op”, soubal ech virun d’Dier ginn an Désinfectant prett. Erëm heescht et, sozial Eventer a Gruppen evitéieren. An dat elo virun de Feierdeeg an ouni Enn a Siicht.