Op Kannervëlo geflüchtDäitsch Police sicht no Tankstelle-Raiber mat Machete

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg koum et am däitschen Torgelow zu engem Iwwerfall op eng Tankstell.
© Envato

Mat Macheten an der Hand hunn zwee onbekannt Täter géint 21 Auer d’Mataarbechterin vun der Tankstell menacéiert an d’Keess geklaut. Zu deem Ament war do eng onbekannten Zomm Suen dran. No der Dot sinn d’Brigange mat Vëloe geflücht. Deen een op engem Mountainbike, deen aneren op engem Kannervëlo.

D’Mataarbechterin beschreift béid Täter als grouss - allebéid tëscht 1,70 an 1,75 Meter - a gouereg. Ee vun hinnen hat eng gro Box un, schwaarz Schong an een däischterbloen Anorak mat Kaputz. Deen aneren Täter hat eng däischter Cargobox un, wäiss Turnschong, schwaarz Händschen an eng schwaarz Kagull. Méi markant war awer hiert Flucht-Gefier. Si hu sech wéi gesot op Vëloen dovugemaach. Et handelt sech ëm een däischtere Mountainbike vu 26/28 Zoll an ee bloe Kannervëlo vu 24 Zoll.

Déi ongewéinlech Flucht-Gefierer si sécher och aneren opgefall, sou dass d’Chance grouss ass, dass d’Police Zeie fënnt.

Back to Top
CIM LOGO