Suitte vu KI-Schumacher-InterviewDäitsch Zäitschrëft huet zoustänneg Chefredactrice entlooss

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Funke Mediengruppe matdeelt, wier d'Anne Hoffmann, Chefredactrice vum Magasinn "Die Aktuelle", wéinst dem falsche Schumacher Interview entlooss ginn
© AFP (Archiv)

E Freideg wier d’Anne Hoffmann iwwert dëse Schratt informéiert ginn. Déi leschte Woch hat d’Zäitschrëft jo e “fake” Schumacher-Interview publizéiert, dee war awer net mam fréiere Formel-1-Weltmeeschter, dee jo no senge schwéiere Blessure bei engem Schiaccident vu senger Famill komplett aus der Ëffentlechkeet gehale gëtt, mä mat enger kënschtlecher Intelligenz, déi geäntwert huet, wéi de Michael Schumacher et hätt.

Als Titel vun der Editioun hat “Die Aktuelle” awer einfach “Michael Schumacher: Den éischten Interview” geschriwwen a just am Ënnertitel war een drop agaangen, datt dësen Interview just “täuschend echt” wier. Op de Säiten, wou den Interview ofgedréckt war, gouf da lues a lues kloer, datt et sech net ëm e Gespréich mam fréiere Formel-1-Pilot gehandelt hat, mä mat enger KI, déi sech fir de Schumi ausginn hat.

D’Famill hat sech doropshin entsat gewissen an och annoncéiert, datt ee juristesch géint d’Zäitschrëft virgoe wéilt. D’Funke Mediengruppe huet sech dono bei der Famill entschëllegt a matgedeelt, datt dëst net de journalistesche Standard wier, deen ee selwer, an deen och d’Lieser, géife vun engem Editeur vun der Grupp erwaarden: “Dieser geschmacklose und irreführende Artikel hätte nie erscheinen dürfen. Er entspricht in keiner Weise den Standards von Journalismus, wie wir – und unsere Leserinnen und Leser – ihn bei einem Verlag wie FUNKE erwarten”, steet am Schreiwes vu Funke. Aus deem Grond gouf dann och d’Chefredactrice vun “Die Aktuelle” entlooss.

Back to Top
CIM LOGO