
Ënner anerem gouf hie vum Parquet vu Lüneburg gesicht, well 2019 géint hien eng Prisongsstrof vun 140 Deeg, déi hien duerch eng Geldstrof vun 5.600 Euro awer ëmgoe kann, ausgeschwat gouf. Weider 32 Sichaktioune vun den däitschen Autoritéite louche géint hie vir, datt wéinst Bedruch, Fälschung vun Dokumenter an Erpressung. Bei dësen Aktioune goung et awer haaptsächlech drëm, fir d’Adress vum Mann festzestellen.
Wéi déi däitsch Police schreift, hätt de Mann awer kéinten an d’Vakanz a Spuenien fléien, nodeem seng Fra 3.000 an hie selwer 2.600 Euro bezuelt huet.