Gletscher an Éisträich geschmoltDäitschen Alpiniste kritt no 63 Joer säi Rucksak zeréck

RTL Lëtzebuerg
Op 3.000 Meter Héicht hat e Wanderer am Juli e Rucksak entdeckt. D'Police konnt elo de Besëtzer ermëttelen.
Symbolbild
Symbolbild
© APA-Images via AFP

Vill Gletscher schmëlzen den Ament duerch déi héich Temperaturen. Am Juli gouf d'Ekipement vun engem bayreschen Alpinist no iwwer 6 Joerzéngten an Éisträich entdeckt. D'Ermëttler koumen op d'Spuer vun engem Accident am Joer 1963. Elo krut de Mann seng Saachen nees zeréck. D'Famill vum haut 86 Joer ale Mann ass dofir extra an Tirol gereest, fir de Rucksak an déi puer Géigestänn entgéint ze huelen.

Ënnert den entdeckte Géigestänn war och eng staark beschiedegt Mapp mat Dokumenter. Een Numm war nach liicht liesbar an esou konnt een de Besëtzer identifizéieren.

Eng Chute war Schold drun, dass hie seng Saache verluer hat. Am August 1963 war de Mann mat e puer Frënn op enger Tour am Beräich vum Sulztalferner. Wéi si amgaangen waren, iwwert de Gletscher ze goen, ass de Mann an eng Spléck am Äis gefall. De Grupp war ugeseelt a konnt hien esou unhalen a befreien. De Rucksak huet de Mann allerdéngs deemools missen an d'Déift geheien.

Back to Top
CIM LOGO