HamburgDäitschen Zoll saiséiert 3,6 Tonne Kokain
Den däitschen Zoll huet am Hafe vun Hamburg 3,6 Tonne Kokain saiséiert. Dat a Container, déi aus Brasilie respektiv Ecuador koumen.
Verëffentlecht: 29.12.22 16:44, Update: 29.12.22 16:53
Wéi et vum Zoll heescht, hätt dee saiséierte Kokain e Wäert vu ronn 100 Milliounen Euro. D'Beamte wieren op de Kokain opmierksam ginn, wéi si d'Containere mat enger spezieller Anlag geröntgt hunn.