E kënnt um Enn vun all Joer nees erëm an ass aus bal kenger Kichen ewechzedenken. Riets ass vum Bréifdréieschkalenner, deen en Dënschdeg den Owend offiziell virgestallt gouf. D‘Thema vum Kalenner ass d‘Lëtzebuerger Monarchie, passend dozou gouf ee Bild vum Palais ausgewielt, mat de Gesiichter vum Grand-Duc, der Grand-Duchesse a der Statue vun der Groussherzogin Charlotte. De Kalenner wäert dann an den nächsten Deeg vun de Bréifdréieschen a Bréifdréier verdeelt ginn.
Passend zum Trounwiessel vun dësem Joer steet de Kalenner ganz am Zeeche vun der Lëtzebuerger Monarchie, wéi de Raymond Juchen, President vun der Bréifdréieschgewerkschaft erkläert.
“De Kalenner gëtt jo am ganze Land verdeelt, dunn hu mir alt d‘Lëtzebuerger Monarchie erausgesicht. Ech mengen, wann net dëst Joer, wéini dann? Dëst Joer hate mir jo de Grand-Duc Henri, deen seng 25 Joer gefeiert huet, an eeben de groussen Trounwiessel, dee mir am Oktober haten, a fir eis stoung et ausser Fro, dass mir den Theema erauswielen, well et fir eis en enorm wichtegt Theema ass.”
D’Bild um Kalenner gouf vum Rol Steimes gemoolt, an Zesummenaarbecht mam Carlo Rovatti, dee fir d‘Gestaltung vum Layout an der Duerstellung vun der Groussherzoglecher Koppel an der Groussherzogin Charlotte zoustänneg war. D‘Bild um Kalenner, huet de Rol Steimes, fir deen et déi éischte Kéier war, mat Acryl gemoolt.
“Mir hunn zesumme gekuckt, wat mir kënne maachen, wat Monarchie ausmécht. Fir mech war dat eeben de Palais, plus nach d‘Groussherzoglech Koppel. Doropshin, hunn ech dann ee Bild gemoolt vum Palais, no eegene Fotoen, déi ech geholl hunn an ech hunn dat Bild zesumme mat engem Graphiker, deen d‘Groussherzoglech Koppel dragemaach huet, an esou en Scène gesat wéi et hält elo am Kalenner ass.”
Nieft de Wochendeeg a Méint, stinn um Kalenner och nach, d‘Feierdeeg, d‘Schoulvakanzen, de Gebuertsdag vum neie Grand-Duc, déi al lëtzebuergesch Nimm vun de Méint an d’Namensdeeg. Informatiounen, déi net op all Kalenner stinn. De Charme vum Bréifdréieschkalenner kënnt, wéi de President erkläert, virun allem vu senger laangjäreger Traditioun.
“Wann ee mat där bëssi méi eelerer Generatioun schwätzt, déi wëssen alleguer direkt, vu wat mir schwätzen, wann ee vun engem Bréifdréieschkalenner schwätzt, a wat dat genee ass. Si wëssen alleguer, all Joer kënnt een neie Kalenner raus, mat engem neien Theema, wou mir als Gewerkschaft probéieren, fir iergendeppes ze sensibiliséieren. An iwwer dat ganzt Joer hänkt de Kalenner an de Kichen, an de Firmaen, um Frigo. A well dat scho jorelaangen esou ass, waarden d’Leit op dee Kalenner an dofir huet en eebe säi Stellewäert an eiser Gesellschaft.“
Net just de Kalenner huet en héije Stellewäert an der Gesellschaft, mee och déi, wou en ausdroen, déi dem President vun der Bréifdréieschgewerkschaft no net ëmmer an enger esou einfacher Situatioun sinn.
“Mir sinn an där onglécklecher Situatioun, dass mir op der Post Bréifdréier an dräi verschiddene Statuten hunn. Do sinn d‘Lounënnerscheeder vun den dräi Karriären därmoosse grouss, wat da fir vill Diskussioune suergt. Do ass et dann och de Rôle vun der Gewerkschaft, vun all de Gewerkschaften, fir ze kucken, fir déi Salaireskonditioune beschtméiglechst ze garantéieren.“
Op där anerer Säit géingen ëmmer manner Bréiwer verschéckt ginn, sou de Raymond Juchem. Elleng an der Zäit vun der Pandemie hätt sech awer erausgestallt, wéi wichteg de Beruff vum Bréifdréier wier.
“Ouni eis wiere keng Zeitunge verdeelt ginn. De Bréifdréier huet de Courrier verdeelt, d‘Butteker waren zou, de Bréifdréier huet d‘Päck bei d‘Leit bruecht. D‘Kommunikatiounen, déi vum Staat gemaach gi sinn, sinn iwwer Pobeier, iwwer de Bréifdréier verdeelt ginn. An do huet sech erausgestallt, wéi wichteg de Metier Haut nach ass. A Covid war Gëschter, wie weess wat an 1,2,3 Joer ass.“
Dem President no géing de Beruff vum Bréifdréier, trotz den digitalen Outilen, soubal nach net ausstierwen. A fir dat ze garantéieren, wéilten d‘Gewerkschaften dofir suergen, dass Bréifdréieschen a Bréifdréier och weiderhin fair Aarbechtskonditiounen hunn.