Um 6. DezemberDe Kleeschen huet Kleng a Grouss frou gemaach

Chris Meisch
Niklosdag - Ouni Zweiwel ee vun de wichtegsten Datumer am Kalenner vu ville Kanner a Familljen.

E Samschdeg de Moie war hien ënnert anerem am Kino, fir mat de Kanner vun den RTL-Mataarbechter Fotoen ze maachen an hinnen hir Kaddoen ze ginn. Duerno ass hie séier weider op Rolleng an d’Blannenheem gaangen, wou hien zesumme mam “Ramazotti”, engem Mini-Pony, de bësse méi eelere Leit eng ganz besonnesch Freed gemaach huet. Mat enger Titchen, enger waarmer Hand a ganz vill Léift huet hie fir e Laache gesuergt.

Am Kino hat de Kleeschen de Kanner vun den Elteren, déi beim RTL schaffe Rendez-vous ginn, fir hinnen héchstperséinlech hir Kaddoen ze iwwerreechen.

“Maach mir frou meng häerzeg Kanner, et ass fir mech déi gréisste Freed”. Déi gréisste Freed haten och d’Elteren, wou se gesinn hunn, wéi hir Kanner grouss Aen gemaach a vu Gléck gestraalt hunn.

De Kleeschen hat och wierklech un alles geduecht, fir de Kanner esou vill Freed wéi méiglech ze maachen. Et goufen Atelieren, wou ee Spiisser mat Séissegkeete konnt maachen, ee gemoolt konnt ginn, een d’Méiglechkeet hat, dem Kleeschen nach ee Bréif ze schreiwen, an natierlech ee groussen Eck mat all de Kaddoen.

Nodeems de Kleeschen d’Kaddoe verdeelt a Fotoe mat de Famillje gemaach hat, ass et nach an ee Kinossall gaangen, wou dem Public eng kleng Show gebuede gouf.

Vum Kino dann eriwwer op Rolleng an d’Blannenheem. De Kleesche kënnt nämlech net just bei déi brav Kanner, mee och bei déi brav Erwuessen. Mat dobäi war net just den Houseker, mee och de klenge Ramazotti. Ee Mini-Shetland-Pony, deen dem Kleesche gehollef huet, Titercher ze verdeelen. D’Residenten aus dem CIPA ware begeeschtert.

De Ramazotti huet 8 Joer a gëtt vun de meeschte Leit “Zotti” genannt. Wat besonnesch un him ass, ass, datt hie jee no Joreszäit d‘Faarf vu sengem Fell wiesselt. Am Wanter ass hie brong, am Summer wäiss.

D’Iddi, Visitten am Blannenheem ze maachen, koum vun de Besëtzer vum Mini-Pony. Si hunn de CIPA zu Rolleng kontaktéiert a proposéiert, op eege Käschten eemol de Mount laanscht ze kommen, fir de Residenten eng Freed ze maachen, sou d’Directrie vum CIPA, Carole Theisen.

De Ramazotti war och scho bei de Kanner aus der Naturcrèche vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung. D’Besëtzer vum klenge Shetland-Pony géinge sech immens freeën, an Zukunft och eemol bei d’Patienten aus der Kannerklinik ze goen, fir hinnen eng Freed ze maachen an ee Laachen an d’Gesiicht ze zauberen. Esou, wéi se dat hei och fäerdeg bruecht hunn.

Back to Top
CIM LOGO