
A Saudi-Arabien leie mat Mekka a Medina zwou vun den hellegste Plazen am Islam. An enger Rei anere Länner feieren d’Moslemen och um Freideg. De Mount vum Faaschten ass eriwwer, wann den Neimound ze gesinn ass. A verschiddene Länner gëtt dowéinst eréischt e Samschdeg dat sougenannt “Zockerfest” gefeiert.
E Freideg de Moien war ënnert anerem zu Wolz den Ofschloss vum Ramadan, wéi een op de Fotoen erkennt. Den Undrang war den Organisateuren no grouss.