Lëtzebuerger am Ausland - D’Liewen am LaosDe Richard Philippart ass responsabel fir d’bilateral Kooperatioun a Südostasien

Yves Trevalec
Anouk Siebenaler
De Laos gëllt a ganz Südostasien als dat Land, wat am äermsten an am wéinegsten developpéiert ass.
Episod 6: De Richard Philippart wunnt am Laos (Deel 2)
De Richard Philippart ass responsabel fir d’bilateral Kooperatioun a Südostasien.

Raus aus dem Grand-Duché, ran an eng ganz nei Kultur, wäit ewech vun Doheem. An eiser Serie “Lëtzebuerger am Ausland” zitt et eis a Südostasien. Méi genee an dat Land, wou am mannsten an där Regioun opfält, ma wou fir Lëtzebuerg awer enorm intressant ass. Wëll een nämlech an de kommunistesche Staat Laos areesen, dierf een dat als Lëtzebuerger zwou Woche gratis an ouni speziell e Visa unzefroen. E grousse Virdeel als Tourist. Ma Grond dofir ass déi laangjäreg konstant a stabil Relatioun, déi Lëtzebuerg mam Laos huet. Ënnert anerem op der Ambassade zu Vientiane treffe mir de Richard Philippart. Hien huet mat gehollef d’LUXDEV Asia opzemaachen. Eng Agence vum Lëtzebuerger Staat fir bilateral Kooperatioun.

D’Ambassad vu Lëtzebuerg huet zesumme mat der Agence hire Sëtz an der Haaptstad, zu Vientiane am Süde vum Laos, direkt un der Grenz zu Thailand. Hei géing een och dacks d’Bréck passéieren, fir Bensinn ze tanken oder soss Akeef ze maachen. De Laos gëllt a ganz Südostasien als dat Land, wat am äermsten an am wéinegsten developpéiert ass. Ganz am Géigendeel zu senge Noperen Thailand, Vietnam a Kambodscha. Virun allem vill grouss asiatesch Spiller, wéi eeben Thailand a Vietnam, mee och China, investéieren hei an d’Infrastrukturen a leeschten Entwécklungshëllef. Fir de Grand-Duché gesäit dës Aarbecht anescht aus. Et geet drëms hinnen ze hëllefen eng gutt Gouvernance ze schafen. An obwuel se politesch staark zentraliséiert sinn, sou si si oppe fir auslännesch Investisseure. Ma d’Land ass awer gepräägt vu Korruptioun, niddrege Salairen, enger fragiller Verwaltung a Reformen, déi schwéier ëmzesetze sinn.

D’Lëtzebuerger ILSTA – Institute for Legal Support and Technical Assistance – kënnt hei an d’Spill. Si gi Formatiounen fir Beruffsgruppen, wéi d’Police, Juristen oder Douanieren. Virop den Richard Philippart, Direkter vum ILSTA ass un der Weiderbildung bedeelegt. D’Stäerkung vun de laoteschen Institutiounen hëlleft dës Regioun ze stabiliséieren. Et protegéiert Finanzen, déi aus Europa kommen a geet géint de Blanchiment vir. Donieft gi Moyene gesat, fir den illegalen Déierenhandel mat Bieren ze stoppen.

De Richard Philippart ass zanter 2013 am Laos. Besonnesch begeeschtert ass hien vun de Leit, hirer Kultur, ma och der typesch frëscher asiatescher Kichen .

Back to Top
CIM LOGO