Extrem MeteoDe Wiederphenomen El Niño huet ugefaangen

RTL Lëtzebuerg
D'El-Niño-Konditioune si present an dierfte sech Richtung Wanter schrëttweis verstäerken.
© AFP Archivbild

E war zanter enger Zäit erwaart ginn. De Wiederphenomen El Niño, deen zu verstäerkter Extrem-Meteo féiere kann, huet der US-Ozeanografie- a Wiederagence NOAA no ugefaangen. Dëse Phenomen kennzeechent sech besonnesch duerch eng Erwiermung vun der Waasseruewerfläch am Pazifeschen Ozean.

El Niño trëtt all zwee bis siwe Joer op a kann déi global Temperaturen zousätzlech erhéijen. De Wiederphenomen féiert meeschtens zu enger staarker Dréchent an Australien, Indonesien an Deeler vu Südostasien, iwwerdeems et an e puer Regiounen vun Afrika a Südamerika, am Süde vun den USA an an Zentralasien fir méi staark Nidderschléi suergt.

El Niño gouf et zulescht an de Jore 2018 an 2019.

D’NOAA-Expertin Michelle L’Heureux huet erkläert, de Klimawandel kéint d’Auswierkunge vum El Niño verstäerken, deelweis awer och ofschwächen. Sou kéint de Phenomen zu neien “Rekordtemperaturen” an all deene Géigende féieren, an deenen iwwerduerchschnëttlech Temperature sinn.

Rekordwäert a Rekordvitess: Fuerscher warne virun ze séierer Äerderwiermung
Nei Hëtztrekorder an den nächste Méint: UNO rechent mat Retour vum Wiederphenomen El Niño

Back to Top
CIM LOGO