No 5 Joer RestauréierungDéi al ARBED-Lokomotiv steet erëm zu Lalleng

Lisa Weisgerber
No fënnef Joer Restauréierung steet déi al AEG 620 nees op hirer gewinnter Plaz zu Lalleng.
Déi al ARBED-Lokomotiv steet erëm zu Lalleng
No fënnef Joer Restauréierung steet déi al AEG 620 nees op hirer gewinnter Plaz zu Lalleng.

Fir déi al Maschinn ass et elo esou wäit. No 5 Joer Aarbecht, fir se ze restauréieren, kënnt déi elektresch Lokomotive AEG 620 erëm zeréck op hir Plaz op Lalleng. D’Stréck vum ale Parisotto-Site bis op d’Place de l’Exposition fiert d’Lokomotiv awer net selwer. Mat Hëllef vun enger Belscher Entreprise kënnt  d’Gefier op hir al gewinnte Plaz.

D’Organisatioun ass immens grouss. “D’Firma war den Dag virdrunner um 10 Auer do, fir d’Lokomotiv erauszehuelen. Dat war ee vun de Problemer, wou et e bëssen Angscht gouf. Dat war awer gutt gaangen. Et war geplangt, dass si eréischt den Dag selwer op den Unhänger gesat sollt ginn. Well et awer esou gutt geklappt huet, gouf dat schonn den Dag virdrunner gemaach,” erkläert den Escher Schäffen, Andre Zwally.

Den Transport vun enger bal 100 Joer aler Lokomotiv ass awer näischt Alldeegleches. De Circuit muss ganz genau geplangt an et muss op verschidde Saachen opgepasst ginn. Et misst een d’Streck am Virfeld analyséeiren, fir op Infrastrukture wéi Brécken opmierksam ze sinn. Wärend dem Trajet muss opgepasst ginn, näischt ze beschiedegen, seet de Chauffer vum Camion.

D’Lokomotiv AEG 620 war vun 1928 bis 1980 zu Diddeleng bei der ARBED am gebrauch. Esou ee Gefier dréit ee groussen Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht mat sech, dofir war et der Escher Gemeng och esou wichteg, dës Erënnerungsstéck ze erhalen .

Fir dat ganzt Gefier erëm wéi néi ausgesinn ze loossen, huet et 5 Joer gedauert. Den Transport an d’Opriichte vu Schinnen, Lokomotiv an Unhänger fält dofir mat engem Dag Aarbecht nach relativ kuerz aus.

Back to Top
CIM LOGO