
En Dënschdeg den 8. Abrëll 2025 hunn ech d’Mia Koch a seng Eltere kennegeléiert. An der Kannerklinik vum CHL hat dat klengt Meedche Rendez-vous mat zwou Infirmièren, dem Laura Ottelé an dem Martine Barnich.
Den 1. Mäerz 2024 war d’Mia am Spidol vum Neurochirurg Frank Hertel operéiert ginn. Eng Tumeur huet deemools mussen um Kleinhirn erausoperéiert ginn. Duerno war d’Kannerklinik fir dat siwe Joer jonkt Mia wärend engem Mount säin Doheem.
D’Mia, d’Laura an d’Martine hate sech no der Operatioun versprach, sech op der selwechter Plaz erëmzegesinn, wann et der jonker Patientin nees géif besser goen. Well d’Mia eng exzellent Turnerin ass, goung et drëms, zu dräi d’Rad ze schloen um Gank vun der Klinik.
Domadder goung de 8.Abrëll en Häerzenswonsch vum Mia, Laura a Martine an Erfëllung.
De Freideg 21. Februar wäert d’Daisy wuel hiert Liewe laang net méi vergiessen. Deemools huet d’Educatrice aus dem Déifferdenger Jugendhaus dem Luca d’Liewe gerett. Wärend engem Futtballsmatch huet de Jugendleche vu 14 Joer en Häerzinfarkt gemaach. Duerch dat séiert Agräife vum Daisy konnt de Luca gerett ginn.
Fussball ass dem Luca säi Liewen. Zu Déifferdeng huet hien eng Lizenz. Den Neymar an de Cristiano Ronaldo sinn dem Luca seng Virbiller. Fussballprofi wéilt de jonke Mann spéider mol ginn. An der Kannerklinik gouf dem Luca gehollef.
En Donneschdeg den 20. Mäerz koum de Luca op Bréissel an d’Klinik St. Luc. Hei huet hien en Defibrillator agesat kritt. E Méindeg 14. Abrëll hunn de Luca a seng Mamm d’Daisy an d’Ekipp aus dem Déifferdenger Jugendhaus bei enger Pizza erëmgesinn. D’Emotioune ware riseg.
D’Daisy huet bewisen, datt duerch hire couragéierten Asaz e Mënscheliewen konnt gerett ginn.
Vum Méindeg 26. Mee bis de Samschdeg 31. Mee waren d’Spiller vun de klenge Länner an Andorra. D’Sportler aus dem Grand-Duché hunn 32 Mol Gold, 27 Mol Sëlwer a 27 Mol Bronz gewonnen. Um Enn stounge si op der zweeter Plaz am Medailespigel, knapps hanner Zypern mat 108 Medailen.
166 Athleten hu wärend där Woch d’Lëtzebuerger Faarwe vertrueden. Et war déi bis ewell gréissten Delegatioun bei dëse Spiller.
Mir vun RTL ware mat fënnef Leit op der Plaz. Lynn Kayser, Ben Wagner, Sam Bouchon, Fernand Schmitz a Christophe Hochard. All Owend hu mir eis nom Journal Live aus Andorra gemellt a konnten zesumme mat de Sportlerinnen a Sportler op den Dag zréckkucken.
Och wann d’Nuechte kuerz waren an d’Deeg laang. Bei de Spiller vun de klenge Länner däerfen als Medien dobäi ze sinn, dat ass ewéi d’Kiischt um Kuch. Et huet Spaass gemaach, d’Athleten hautno z’erliewen, an et hat een all Dag Adrenalin puer wärend der Live-Emissioun déi alt bis eng Véierelstonn gedauert huet.
Andorra an d’Spiller vun de klenge Länner an de Pyrenäe sinn nach haut, en halleft Joer méi spéit, a gudder Erënnerung. 2027 sinn déi nächst dann am Fürstentum Monaco.