100 Milliounen € fir d'PartnerinDem Silvio Berlusconi säin Testament ass gewosst

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg gouf d'Testament vum fréieren italieenesche Regierungschef Silvio Berlusconi opgemaach.
© RICCARDO FABI NurPhoto NurPhoto via AFP

De Mediemogul hannerléisst senge Léifsten e puer honnert Milliounen €.

Seng Kanner kréie riseg Firmen-Participatiounen, seng Partnerin 100 Milliounen €, e méi jonke Brudder och 100 Milliounen a weider Persounen zeg Milliounen.

De Silvio Berlusconi ass viru knapp engem Mount mat 86 Joer un de Suitte vun enger Leukemie gestuerwen. D’Testament hat hie schonn 2006 decidéiert.

Estimatiounen no soll de Berlusconi e Verméige vu 4 Milliarden € gehat hunn, dorënner och e puer Villaen. Eng vun deenen, d’Villa San Martino, soll e Musée ginn, wou säin Erfolleg a Politik a Wirtschaft soll dokumentéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO