
Den US-Schauspiller George Clooney (64) an d’Mënscherechtsaffekotin Amal Alamuddin Clooney sinn zesumme mat hire Kanner elo offiziell franséisch Staatsbierger. Dat geet aus engem Dokument ervir, dat d’Agence AFP um Weekend gesinn huet.
D’Clooney-Koppel verbréngt vill Zäit a Frankräich. Den George Clooney sot am Dezember am Interview bei de Kolleege vum franséischen RTL: “Ech hunn d’franséisch Kultur gär, är Sprooch – och wann ech se no 400 Deeg Coursen nach net gutt beherrschen.”
2021 hat d’Famill e fréiere Wéngert zu Brignoles (Departement Var) kaaft. Do géif et keng Paparazzi ginn, déi virun der Schoul vun de Kanner laueren. “Dat ass fir eis dat Wichtegst”, huet de Clooney betount. Och wann d’Famill nëmmen en Deel vum Joer do verbréngt, wier et “déi Plaz, wou mir am glécklechste sinn”.
Nieft dem Wunnsëtz a Südfrankräich huet d’Koppel och nach eng Villa um Comer Séi an Italien, en historescht Haus an England, eng Wunneng zu New York an eng Proprietéit zu Kentucky. Hir Haiser zu Los Angeles an a Mexiko solle se bannent de leschten 10 Joer verkaf hunn.
Den George Clooney war an der Vergaangenheet ëmmer nees mam US-President Donald Trump uneneegeroden, well hien d’Demokraten ënnerstëtzt. Hien ass net eleng mat der Decisioun, d’franséisch Staatsbiergerschaft unzefroen. Och den US-Regisseur Jim Jarmusch wëll d’franséisch Nationalitéit ufroen. “Ech wëll eng Plaz hunn, fir den USA kënnen ze entkommen”, sot hien dem Sender France Inter.