Net-accordéiert BauprojetenDen Neymar muss Millioune-Strof a Brasilien bezuelen

RTL Lëtzebuerg
Well hie bei engem net-accordéierte Bauprojet géint Ëmweltoplage verstouss huet, muss de brasilianesche Futtballprofi 3 Milliounen Euro Strof bezuelen.
© AFP/Archiv/GABRIEL BOUYS

Ënnert anerem geet et dobäi ëm e kënschtlech ugeluechte Séi an eng Plage bei senger Luxusvilla zu Rio de Janeiro. Den Neymar huet elo 20 Deeg Zäit, fir a Recours géint d’Strof ze goen.

D’Autoritéite sollen eng Dose Verstéiss beim Bauprojet constatéiert hunn. Ënnert anerem soll den 31 Joer ale Futtballprofi vu Paris-Saint-Germain e Floss ëmleede gelooss an eng Rei Gruewungen duerchféiere gelooss hunn, alles ouni Erlabnes.

D’Grondstéck gouf vun den Autoritéiten doropshin ofgespaart, dës hunn dunn och ordonéiert, all Bauaarbechten ze stoppen. Amplaz den Uweisungen ze follegen, huet den Neymar dunn allerdéngs eng Party geschmass an ass och a säi kënschtleche Séi schwamme gaangen.

Den Neymar huet dat 10.000 Quadratmeter grousst Grondstéck 2016 kaf. Et soll eng Landeplaz fir en Helikopter an e Fitnessstudio ëmfaassen.

Back to Top
CIM LOGO