Halloween am Wäissen HausDen US-President Donald Trump verdeelt Séissegkeeten u Kanner

RTL Lëtzebuerg
Et ass eng Traditioun, déi et am Wäissen Haus schonn zënter 1958 gëtt. Rieds geet natierlech vun Halloween.
Halloween am Wäissen Haus
Et ass eng Traditioun, déi et am Wäissen Haus schonn zënter 1958 gëtt. Rieds geet natierlech vun Halloween.

Wéi et de Medien no heescht, soll d’Melania Trump sech och dëst Joer nees fir d’Dekoratioun vum Wäissen Haus gekëmmert hunn a féiert domadder eng al Traditioun am Gebai virun. Am Joer 1958 huet deemools schonn d’Mamie Eisenhower fir déi éischte Kéier de Sëtz vum President mat Kalbassen, Mais a Skeletten dekoréiert.

Den US-President Donald Trump huet dann och e Freideg den Owend zesumme mat senger Fra Melania Séissegkeeten un d’Kanner verdeelt, dat virum frësch gerëschte Wäissen Haus an der Halloween-Editioun.

Back to Top
CIM LOGO