Zanter Enn Dezember zouD'Epicerie am Duerf zu Schrondweiler seet Äddi

Philippe Dondelinger
Zu Schrondweiler huet den 23. Dezember e Stéck Duerfliewen zougemaach.
D'Epicerie am Duerf zu Schrondweiler seet Äddi
Zu Schrondweiler huet den 23. Dezember e Stéck Duerfliewen zougemaach.

D’Epicerie am Duerf zu Schrondweiler huet no Joren hir Dieren zougemaach. Fir vill Leit war se net nëmmen eng kleng Epicerie, mee eng Plaz, wou ee sech gesinn, e Kaffi gedronk an och e bëllege Menu du jour giess huet. Et war eng vun deene Plazen, déi een an engem Duerf net gär verléiert. Eng Epicerie, wou ee sech nach Moie seet, wou d’Clienten net anonym laanschtenee ginn an déi fir vill och eng kleng Kantin war. Et gouf praktesch all Dag e Menu du jour.

Elo gehéiert dëst der Vergaangenheet un an de Buttek gëtt zougemaach. Elo ass et eriwwer mat lokalen a biologesche Produiten, a frësche Wueren ouni vill Verpackung. Dës Plaz war eng Mëschung aus Epicerie a Restaurant, wéi ee se net iwwerall fënnt.

D’Initiativ hat deemools eng kloer Iddi: d’Liewen am Duerf ze stäerken an eng Plaz ze schafen, wou ee sech begéint.

D’Adress an der Rue Principale bleift wuel bestoen, mee zu Schrondweiler bleift virun allem eng Fro opstoen: Wéi kann een am ländleche Raum esou Treffpunkte an Zukunft erhalen?

Back to Top
CIM LOGO