D'Yvette an de Serge si 60 Joer bestuet"D'Geheimnis vun enger undauernder Léift si virun allem Kompromësser"

Anouk Siebenaler
Méi wéi all zweet bestuete Koppel léisst sech zu Lëtzebuerg am Laf vun de Jore scheeden. Mir weisen Iech elo, dass et och anescht geet.
D'Yvette an de Serge feieren Diamantenhochzäit
D’Yvette Desloges an de Serge Groos hu sech 1961 kennegeléiert an 1965 bestuet. Elo no 60 Joer hu si hiert Jo-Wuert erneiert.

Manner wéi ee Prozent vun de bestuete Koppele sinn esou laang zesummen, dass si eng Diamantenhochzäit feiere kënnen. 13 Joer, dat ass déi duerchschnëttlech Dauer, wéi laang Koppelen hei am Land bestuet bleiwen. Dass déi Zuel net méi héich ass, läit virun allem dorun, dass iwwert d’Hallschent vun de Koppele sech scheede léisst. Am Verglach dozou, klénge 60 Joer Bestietnes wéi eng Éiwegkeet.

D’Yvette Desloges an de Serge Groos hu sech 1961 kennegeléiert an den 1. Oktober 1965 bestuet. Dëst Joer hu si hir Diamantenhochzäit gefeiert. D’Geheimnis vun hirer Léif gesinn déi zwee virun allem doran, Verännerungen ze akzeptéieren an och emol Kompromësser anzegoen. “Il y a eu des hauts et des bas comme dans chaque couple”, seet d’Yvettes Desloges. De Serges Grooss ergänzt am Laachen: “Vill streide kënne mer eis net, well meng Fra kuckt d’Tëlee mëttlerweil hei an ech am Zëmmer niewendrun”.

Back to Top
CIM LOGO