E Mëttwoch ass eng Sonnefinsternis iwwer der nërdlecher Hemisphär ze gesinn, wärend se a Grönland, Island oder Spuenien komplett bedeckt gëtt, wäert d'Sonn an eise Géigenden zu 90 Prozent hannert dem Mound verschwannen.
Esou en Naturschauspill ass effektiv e gudden Ament, fir schéi Fotoen ze maachen. A genau déi wëlle mir och vun Iech kréien. Dofir: Wann Dir eng gutt Foto oder e klenge Videoe vun der Sonnendäischtert oder dem kompletten Event ronderëm gemaach hutt, schéck eis dës gär iwwer eise Formulaire eran a mir kënnen d'Fotoen oder de Video da publizéieren.
Dofir: Schéckt eis Fotoe vun der Sonnendäischtert oder dem Event selwer, op deem Dir Iech dëst Naturspektakel eventuell ukuckt.
Awer opgepasst! Net mat all Apparat kann een d'Sonnendäischtert direkt fotograféieren oder filmen. Fir déi meescht Geräter brauch een e spezielle Filter, soss kann dëst zu Schied um Handy oder der Kamera féieren.

Wann Dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, läit dat warscheinlech dorunner, datt Dir d'Cookies net acceptéiert hutt.
Hutt Dir e puer gutt Fotoe geschoss? Schéckt eis déi gäre per Mail u red@rtl.lu