Chrëschtfeier bei der "Stëmm vun der Strooss" "Dir sidd net vergiess"

Christophe Hochard
En Donneschdeg war déi 27. Editioun vun der Chrëschtfeier, organiséiert vun der "Stëmm vun der Strooss". Och déi groussherzoglech Koppel war an der Victor-Hugo-Hal mat dobäi. 650 Leit waren invitéiert.
© Emile Mentz

Et ass Donneschdeg kuerz virun 12 Auer a virun der Entrée vun der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg sti scho vill Leit an der Rei. Si waarden drop, dass d’Diere vun der aler Ausstellungshal opginn. “D’Aarmut am Land klëmmt. Och d’Prekaritéit zitt sech mëttlerweil duerch all d’Gesellschaftsschichten”, sou de President vum Conseil d’Administration vun der Stëmm, den André Duebbers. “Jonker, Aler, Working poor. Sou eng Feier ass immens wichteg fir dës Leit”, betount den André Duebbers am Interview.

Wärend ville Joren ass dëst Fest zu Bouneweg am Centre Culturel organiséiert ginn. Do gouf et an de leschte Joren ze kleng. An der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg goung dës Editioun iwwert d’Bün. Déi Responsabel vun der Stad Lëtzebuerg hunn den Organisateuren d’Raimlechkeete gratis zur Verfügung gestallt.

Iwwer 600 Leit waren op d’Chrëschtfeier invitéiert. Wärend engem Dag den Alldag vergiessen, e Mëttegiesse genéissen, Spiller a Musek fir Kleng a Grouss an e puer Kaddoen. Als Entrée gouf et Kürbiszopp, den Haaptplat war Poulet mat Gromperen a Geméis an als Dessert e Stéck Bûche. “Ronn 230 Kilo Fleesch, 200 Kilo Gromperen an 150 Kilo Geméis hu mir verschafft. Ausserdeem 300 Liter Zopp”, erkläert de Pascal Luck, ee vun de Käch.

D'Leit ware frou, kënnen do ze sinn
Et ass och ee grousse Merci un d’Organisateuren, dass dat all Joer esou méiglech ass.

Bis en Donneschdegowend 18 Auer huet d’Chrëschtfeier um Lampertsbierg gedauert.

Back to Top
CIM LOGO