Bei Dortmund geblëtztD'Krümelmonster huet säi Protekoll bezuelt

RTL Lëtzebuerg
Virun 10 Deeg gouf op der däitscher A45 an der Géigend vun Dortmund eng dach éischter ongewéinlech Radar-Foto gemaach.
© Police Dortmund / RTL

Eng Persoun, déi als “Krümelmonster” verkleet war, war hei ze séier mam Auto ënnerwee. Fir déi eelef Stonnekilometer, déi d’Figur aus der “Sesamstraße” ze séier ënnerwee war, si ronn 40 Euro fälleg ginn. Dëst hätt d’Monster däitsche Medien no elo bezuelt.

“D’Kümelmonster ass grondsätzlech e gutt Wiesen, et ass verfroossen awer um Enn trotzdeem Flichtbewosst”, gëtt e Spriecher vun der Dortmunder Police vum Noriichteportal “Ruhr24" zitéiert.

Wien um Enn hannert der Verkleedung gestach huet, ass net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO