
De Resultater vun der Analys vun der International Coffee Organization (ICO) no géifen d’Lëtzebuerger an hirem Liewen 118.227 Tase Kaffi drénken, wat der am Duerchschnëtt 5,31 pro Dag erginn. Wäit hannendru läit Finnland op der zweeter Plaz mat 3,77 Tasen a Schweden mat 2,59 Tasen. Ënnert den Topp-10 leien iwwerdeems nëmme Länner aus Europa.
Am Präisvergläich pro Taass Kaffi läit Lëtzebuerg dogéint net méi un der Spëtzt, ma mat ëmgerechent 3,09 Euro op der 9. Plaz. Leader an dësem Ranking ass hei Dänemark mat 4,64 Euro, suivéiert vun der Schwäiz mat 4,29 Euro an den USA mat 4,03 Euro.
Pro Kapp consomméiert de Lëtzebuerger der Etüd no 20,53 Kilogramm Kaffi am Joer a läit domat wäit ofgeschloen un der Spëtzt, viru Finnland mat 14,58 Kilo op de Kapp pro Joer.
D’Resultater fir Lëtzebuerg sinn awer mat Virsiicht ze genéissen. D’Statistike weisen zwar eng héich Consommatioun fir de Grand-Duché, ma dës Zuele goufen an der Etüd just a Relatioun mat der Awunnerzuel gesat. Tatsächlech kommen awer natierlech och vill Leit aus der Grenzregioun de méi bëllege Kaffi op Lëtzebuerg kafen, an droen esou zu der “Consommatioun” bäi. An och Frontalieren, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, genéissen op der Aarbecht déi eng oder aner Taass Kaffi.
Iwwerraschend ass awer och nach, datt vill vun de Länner, déi fir hir Kaffisproduktioun bekannt sinn, selwer net schrecklech vill Kaffi ze drénke schéngen: Indien, Uganda a Peru sinn am Ranking op den dräi leschte Plaze mat tëscht 0,06 an 0,44 Kilo Kaffi pro Kapp pro Joer.