
Si huet Tennis gespillt, ass gär geridden an och Waasserschi stoung ganz uewen op der Lëscht vun den Hobbyen. Bei de Reese waren d’Liiblingsziler d’USA an d’Tierkei.
D’Zuel vun de Leit déi zu Lëtzebuerg 100 oder méi Joer al ginn, geet iwwerdeems stänneg an d’Luucht.
Waren et ronn 20 Leit am Joer 2001, sou waren et der 67 am Joer 2011 an 2021 waren et der schonn 91.

Nodréiglech der Madame Hulsemann dann och vun der ganzer RTL-Ekipp alles Guddes fir de ronnen 100. Gebuertsdag gewënscht.