D’Maison Felgen ass en Escher Traditiounsgeschäft, dat als eenzegt an der Minett-Metropol Hochzäitskleeder verkeeft. An de 90er huet dem bekannten RTL-Moderator a Sänger Camillo Felgen seng Madamm de Brautbuttek opgemaach. Déi lescht 10 Joer gouf dee vun engem Personnage gefouert, deen d’Reputatioun vum Geschäft an der Riicht gehalen huet. Haut sicht de Jean-Pierre Lucani e Successeur.
D’Martine Majerus kënnt uprobéieren, kee Cocktailkleed oder en Dress fir an d’Oper, mee hiren Hochzäitsrack. Op der Nummer 22 an der Escher Brasseur Strooss fënnt een Häerz wat begiers de, wann et drëm geet, chic ënnert d’Leit ze goen oder ebe sech a wäiss ze bestueden.
D’Maison Felgen kéint een haut u sech Maison Lucani nennen, well dem Patron säi speziellen Touch weist sech iwwerall. Allerdéngs war an ass d’Wuert “Traditioun” dem Jean-Pierre Lucani ëmmer wichteg. Hie këmmert sech eleng a ganz diskret ëm seng Clienten, géing hinnen och an d’Gesiicht soen, wann e Kleed – an do denke mer un “Zwischen Tüll und Tränen” - net “mein Kleid” ass.
Genee esou éierlech ass de Chef vun der Maison Felgen, wann et ëm sech selwer geet: Et wier Zäit, fir an d’Pensioun ze goen, an Zäit, een ze fannen, deen d’Geschäft a seng Traditioun an Éieren hält a weider féiert.
Dass Esch net méi dat ass wat et emol war a vill Traditiounsgeschäfter zougemaach hunn, sollt een net ofschrecken. Dat hei wier e speziellen Job, een, wou et net just ëm Business géing.
Et ass e ganz intimen Ament, wann eng Braut e Kleed sicht, sou de Jean-Pierre Lucani, dee sech, dat gesäit een, esou richteg a sengem Element spiert an natierlech d’Kleeder fir a seng Maison Felgen selwer eraussicht.
Et voilà, gesicht gëtt also en nächste Lucani – ee mat deem sengem Wëssen iwwer Stëfter a sengem Savoir-faire, wann et ëm d’Braut an e wichtegen Ament an där hirem Liewe geet.
D’Maison Felgen sicht a wäert wuel och en neit Gesiicht fannen.