D’Schoul huet Generatioune vu Schauspiller a Regisseure forméiert, déi elo an de gréissten Theateren op der Welt schaffen. D’Naomi Kneip studéiert do a muss hiert Engagement an hir Fäegkeet, fir am Team ze schaffen, ënner Beweis stellen. Wéi si 2022 ugeholl gouf, huet d’Naomi sech géint 800 aner Kandidate missen duerchsetzen. Hei ass Talent eleng net genuch: Disziplin an Ausdauer stinn un éischter Stell.