Flughafen zu Peking oder Findel?Documentaire iwwer MH370 op Netflix

RTL Lëtzebuerg
Den 8. Mäerz 2014 war de Vol MH370 vu Malaysian Airlines vun de Radare verschwonnen. Nach ëmmer bleiwe vill Froen ongekläert.
© Screenshot Netflix

Netflix huet virun e puer Deeg en Documentaire doriwwer verëffentlecht. An do ass ee klenge Feeler am Montage geschitt. An enger Zeene gesäit een “Beijing China” stoen, am Hannergrond sti Luxair-Maschinnen. A wann een e bësse méi genee kuckt, erkennt een, datt et e Bild vum Lëtzebuerger Flughafen ass.

Kuckt hei den Trailer

D’Maschinn MH370 war am Mäerz 2014 um Wee vu Kuala Lumpur op Peking aus ongekläerte Grënn verschwonnen. U Bord waren 239 Mënschen. Verschidden Enquêteure ginn dervunner aus, datt d’Reschter vum Fliger ni wäerte fonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO