
D’Pëppel ka bis zu 100 Joer al ginn, tëscht 15 a 25 Meter héich an huet 1 Meter Duerchmiesser. De Bam ass a groussen Deeler vun Europa an an Nord-, respektiv Zentralasien ze fannen. Paysagisten hunn d’Pëppel gär, well se sou filigran ass a séier wiisst. Se ass wichteg fir d’Biodiversitéit, manner awer fir d’Holz-Industrie.