
Wéi et vun der Kritikerin, déi fir d‘Frankfurter Allgemeine Zeitung schreift, heescht, hätt de Goecke si wärend der Paus vun engem Ballet am Foyer vum Theater attackéiert. Dobäi hätt hie si verbal aggresséiert an hir Hondsschäiss an d’Gesiicht geschmiert.
D’Frankfurter Allgemeine Zeitung huet de Virfall public gemaach a vun engem Akt geschwat, deen d’Kritikerin an hirer Éier blesséiert hätt. Et wier eng Grenziwwerschreidung, déi dat gestéiert Verhältnis, dat vill Konschtschafender zu der Kritik hätten, weise géif. Wéi et weider vun der Zeitung heescht, hätt de Goecke der Kritikerin wärend dem Tëschefall reprochéiert, dofir responsabel ze sinn, dass Leit hir Abonnementer fir den Theater gekënnegt hätten.
D’Staatsoper Hannover huet den Tëschefall antëscht confirméiert. Wéi et um Internetsite vun der Oper heescht, hätt d’Intendantin Laura Berman sech esouwuel bei der Kritikerin perséinlech ewéi och ëffentlech fir d’Attack entschëllegt. Et géif een iwwerpréiwen, aarbechtsrechtlech Schrëtt géint den Direkter vum Ballet an d’Weeër ze leeden.