
Si gehéiert zu Tréier wéi den Eiffeltuerm zu Paräis: D’Porta Nigra. Ma Touristen, déi d’Monument virun d’Lëns wëlle kréien, wäerte sech déi nächst zwee Joer mat enger Stee zefridde musse ginn. Wéi ënnert anerem den “Trierischer Volksfreund” bericht, soll déi réimesch Stad-Dier, déi Deel vum Unesco-Weltkulturierwen ass, intensiv sanéiert ginn. Dat hat de Landesbetrieb Liegenschaften und Bauerhalt, dee fir d’Ëmsetzung vun der Restauréierung zoustänneg ass, Enn 2025 matgedeelt.
Vun e Méindeg u gëtt d’Stee virum anticke Monument opgeriicht. Eng speziell Plan soll awer dofir suergen, datt een d’"Porta” och weiderhi ka bestaunen - allerdéngs just als Drock. Déi südlech Fassad vun der Porta Nigra soll an zwou Etappe restauréiert ginn. Ee Joer laang gëtt um Ost-Tuerm geschafft, ier d’Stee dann um West-Tuerm nees opgeriicht gëtt, wou bis Enn 2027 geschafft wäert ginn. Dat Ganzt soll ronn 1 Millioun Euro kaschten.
Wien elo fäert, datt d’Porta Nigra no der Restauréierung net méi erëmzeerkenne wier, dee ka säi Kapp a Rou leeën. Un der Optik sollen d’Sanéierungsaarbechten näischt änneren, huet deen Expert dem “Trierischer Volksfreund” géigeniwwer erkläert. Villméi géif et drëms goen, de Sandsteen ze schützen, andeems iwwerflächlech Verkrustungen mat engem Laser vun der Fassad erofgemaach ginn.
Iwweregens: iwwert déi nächst Jore soll net nëmmen d’Porta Nigra selwer, ma och d’Plaz ronderëm d’Monument méi schéi gemaach ginn. Et leie Pläng vun engem Berliner Atelier um Dësch, mat deenen de Verkéier ëmgeleet an d’Plaz virun der Porta nei amenagéiert soll ginn. De Start vun dësen Aarbechte gëtt sech awer fréistens fir 2027 erwaart.
