
Zesumme mat engem weideren Astronaut an engem Kosmonaut hu si déi International Raumstatioun mat enger Dragon-Kapsel um 6.05 Auer eiser Zäit verlooss, wéi an engem Livestream vun der NASA ze gesi war. D’Kapsel soll géint 17.57 Auer Lokalzäit, respektiv 22.57 Auer eiser Zäit, virun der Küst vum US-Bundesstaat Florida um Waasser opsetzen. Och de Retour op d’Äerd wäert live iwwerdroe ginn.
D’Williams an de Wilmore ware leschte Juni mat engem Starliner vu Boeing op d’ISS geflunn a sollten eigentlech nëmmen aacht Deeg am Weltall bleiwen. Wéinst engem technesche Problem mam Starliner ass dësen awer ouni si zréck op d’Äerd geflunn. Zanterhier souzen déi zwee op der Internationaler Raumstatioun fest an hunn op eng Méiglechkeet fir e Retour op d’Äerd gewaart. E Sonndeg war hir Ofléisung op der ISS ukomm.
Mat hirem gezwongenen Openthalt op der ISS sinn d’Wilmore an de Williams awer nach wäit vum Rekord vun hirem Landsmann Frank Rubio ewech: Hie war bis September 2023 amplaz vu geplangte sechs Méint am Ganzen 371 Deeg op der Raumstatioun. Grond dofir war eng Fuite am Killsystem vun der russescher Raumkapsel, mat där hien op d’Äerd hätt sollen zréckfléien.