Réckfluch vun US-Astronauten op en Dënschdeg virverluecht

© AFP
Déi zwee Astronauten, déi zanter 9 Méint op der Internationaler Raumstatioun "gestrant" sinn, solle lo awer éischter wéi geplangt op der Äerd landen.
Wéi d'Raumfaartagence NASA e Sonndeg den Owend matdeelt, wier déi geplangt Landung vun den Astronaute virun der Küst vu Florida op en Dënschdeg 23 Auer eiser Zäit virverluecht ginn. Eigentlech sollten d'Astronauten eréischt e Mëttwoch zréckkommen.
Trotz dem virgeluechte Retour géing weiderhi genuch Zäit fir d'Iwwergab tëscht de Besatzunge bleiwen, heescht et weider vun der NASA. Gläichzäiteg hätt een duerch den aktualiséierte Rendez-vous Handlungsspillraum mat Bléck op déi ongënschteg Wiederkonditiounen, déi fir de Rescht vun der Woch erwaart ginn.
D'Astronautin Suni Williams an hire Kolleeg Butch Wilmore waren am Juni op d'ISS geflunn a sollten eigentlech nëmmen 8 Deeg am All bleiwen. Wéinst engem technesche Problem um Starliner, mat deem si zréckkomme sollen, ass dësen awer ouni d'Astronauten zréck op d'Äerd geflunn. Zanterhier sëtze béid Astronauten op der ISS fest a waarden op e Retour-Fluch.
E Sonndeg konnte si endlech hir Ofléisung an Empfang huelen: Eng Dragon-Kapsel, mat där déi zwee zréckkomme sollen, huet e Sonndeg op der ISS ugedockt. Nieft der Williams an dem Wilmore sollen en Dënschdeg och den Astronaut Nick Hague an de russesche Kosmonaut Aleksandr Gorbunow mat der Kapsel zréckfléien.
Zu der neier Besatzung vun der ISS gehéieren d'US-Astronautinnen Nichole Ayers an Anne McClain, de russesche Kosmonaut Kriill Peskow an de Japaner Takyua Onishi. Si waren e Freideg mat enger SpaceX-Rakéit vu Florida an d'All geflunn.