St George’s International School zu HammDräi Schülerinne kréien déi beschten Notte weltwäit

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'St George’s International School en Donneschdeg matdeelt, hunn e puer vun hire Schüler 2024 déi weltwäit beschten Notten a verschiddene Fächer kritt.
© St George’s International School

Duerch déi brittesch Prüfungskommissioun vu Pearson Edexcel goufen dräi Schülerinne mat besonnesch gudden Notten ausgezeechent.

D’Elsa H. krut am Fach Psychologie déi beschten Notte weltwäit um Niveau vun den A-Levels, wärend d’Mathilda M. a sengen A-Levels am Fach Geschicht déi weltwäit beschten Notte krut. Déi brittesch A-Levels sinn ongeféier gläichzestelle mat der Lëtzebuergescher Première.

An der Matdeelung vun der St George’s International School gouf dann och nach d’Elena W. ervirgehuewen, dat déi weltwäit beschten Notten am Fach Mathé a sengen GCSEs krut. D’GCSEs gi virun den A-Levels gemaach a sinn ongeféier Equivalent mat der “Mittlere Reife” an Däitschland.

Back to Top
CIM LOGO