
No enger éischter Recherche hate mer weider keng Infoen dozou fonnt.
Um Dënschdeg koum dann awer d’Erklärung vum “Astronomischen Arbeitskreis Salzkammergut / Sternwarte Gahberg”, dass et sech heibäi ëm eng Feierkugel gehandelt huet. Eng Feierkugel ass am Fong just eng méi grouss Stäreschnäiz. Deemno wéi grouss d’Material ass, dat an der Atmosphär vergléit, kann et geschéien, dass Iwwerreschter als Meteorit bis op der Äerd ukommen.
Et goufen dann och zwee Videoen um Internetsite vun der Internationaler Meteor Organisatioun eropgelueden, déi via Dashcams opgeholl goufen.