derwäert – Episod 10: Jérôme ReffayE klassesche Sekretär soll engem gudden Zweck déngen

Pitt Wagner
De Jérôme Reffay presentéiert bei derwäert e klassesche Sekretär, deen hien 2008 bei engem Antiquaire zu Lëtzebuerg kaaft huet.
Jérôme Reffay - E klassesche Sekretär soll engem gudden Zweck déngen
De Jérôme Reffay presentéiert bei derwäert e klassesche Sekretär, deen hien 2008 bei engem Antiquaire zu Lëtzebuerg kaaft huet.

Well de Miwwel net méi a säi Büro passt, iwwerleet hien, et ze verkafen. E groussen Deel vum Erléis soll un d'Fondation Kriibskrank Kanner goen, de Rescht ass fir seng Giedelche Lina geduecht.

D‘Sophie Becker geet der Geschicht vum Sekretär op de Grond an den Expert Mike Decker erkläert, aus wéi enger Zäit de Miwwel staamt, wéi de Marché fir esou Sekretäre sech an de leschte Joren entwéckelt huet a wat dëst Stéck haut nach wäert ass.

Wat eisen Objet vum Dag haut nach wäert ass, gesitt Dir bei derwäert, dëse Summer vun Dënschdes bis Donneschdes direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO