IndienE Leopard blesséiert e puer Mënschen an engem Geriichtsgebai

RTL Lëtzebuerg
An engem Viruert vun der indescher Haaptstad Nei Delhi ass e Mëttwoch e Leopard an e Geriichtsgebai gelaf an huet Mënschen attackéiert.
© AFP/Archiv/Tauseef MUSTAFA

Op Videoen, déi op de sozialen Netzwierker publizéiert goufen, ass ze gesinn, dass e puer Männer vun der Raubkatz blesséiert goufen. Der Noriichtenagence AFP no wieren insgesamt 5 Mënsche blesséiert ginn.
Wéi e Beamte vun der lokaler Police géigeniwwer der Noriichtenagence sot, wier d’Déier a Panik am Geriicht ronderëm gelaf. Poliziste mat Schutzkleeder a Fakelen hätte probéiert, de Leopard nees anzefänken.

Wéi et vun offizielle Sourcen heescht, géif an Indien an der Moyenne ee Leopard den Dag ëmbruecht ginn, well e mat Mënschen a Kontakt kënnt. Dat wier wéinst der Zerstéierung vun de Bëscher ëmmer méi dacks de Fall.

Back to Top
CIM LOGO