Nei Emissioun op RTL TVIE Lëtzebuerger sicht d'Léift op der belscher Tëlee

RTL Lëtzebuerg
An der Show "Ma mère, ton père" hëllefe Kanner hiren Elteren, en neie Partner fir d'Liewen ze fannen. E Lëtzebuerger ass an der belscher Emissioun dobäi.
Un Luxembourgeois part trouver l’amour à la télé belge
Oscar Guzman est un visage connu au Grand-Duché, DJ et ancien animateur de RTL. Le voici au casting d’une nouvelle émission sur RTL TVI en Belgique.

Den Oscar Guzman ass keen Onbekannten hei zu Lëtzebuerg. Den DJ a fréieren Animateur bei RTL hëlt un enger neier Emissioun op RTL TVI an der Belsch deel, an där Kanner hiren Elteren hëllefen, en neie Partner ze fannen.

Vu senge véier Kanner ass de Ricky dobäi, wann den Oscar an enger Villa versicht, déi nei Fra fir d’Liewen ze fannen. D’Kanner suivéieren a geréieren am Hannergrond déi verschidden Rencontere vun hiren Elterendeeler, ouni dass déi dovu wëssen. Eng Roll, an där de Ricky sech wuel fillt a säi Spaass huet.

Den Oscar Guzman hofft, iwwert dëse Wee eng nei Partnerin u senger Säit ze fannen. Ob et dem gebiertege Kolumbianer gelénge wäert, gesitt Dir eréischt am leschten Episod vun der Datingshow...

“Ma mère, ton père” leeft all Sonndeg Owend um 20h50 op RTL TVI. D’Emissioun kënnt och am Replay op rtlplay.be

Back to Top
CIM LOGO