Keng Paie? Keng Vakanz!E Pilot a Mexiko refuséiert d'Maschinn ze starten a verschanzt sech am Cockpit

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi Medien mellen, huet de Pilot mat sengem Boykott dogéint protestéieren, dass hien zënter Méint net bezuelt gouf.
© SCREENSHOT YOUTUBE/La Hora

De Pilot gouf, nodeems hie refuséiert huet ze fléien, vu Sécherheetspersonal vum Fluchhafe festgeholl. D’Passagéier an der Maschinn vun der Fluchgesellschaft “Magnicharters” goufe fortbruecht.

An engem Video, dee sech séier online verbreet huet, huet de Pilot virdrun iwwert d’Lautsprech-Anlag mat de Passagéier geschwat: “Dëse Fliger wäert net starten, iert dir eis net bezuelt hutt, wat der eis schëlleg sidd”. D’Maschinn hätt an sech e Freideg vun der mexikanescher Haaptstad aus Richtung Cancún fléie sollen.

Zu de Passagéier selwer huet hie gesot:"Ech fille mech schlecht fir iech, well dir hutt dat net verdéngt.” Hien huet ënnert anerem driwwer sech driwwer beklot, dass him fënnef Méint laang seng Pai, sou wéi entstane Käschten net bezuelt goufen an dass et keng Gewerkschaft géif ginn, déi d’Interessien vun de Pilote vu senger Airline géif vertrieden.

Back to Top
CIM LOGO