Éischter BëschrouE Rondwee fir Grouss a Kleng ass elo op

Charles Reiser
Dëser Deeg ass den neien Themewee ronderëm "Waldbaden" zu Éischt offiziell ageweit ginn.

Vun elo u kann een deen entdecken. Richen, héieren, spieren, schmaachen a fillen. En Erliefnis fir all 5 Sënner!

Um 4 Kilometer laange Rondgang erwaarden den Naturfrënd Statiounen ewéi ee Buerféisswee, een 3D-Bëschkino, Doft- Statiounen, Hänkmatten a villes Méi. Fir déi ganz Famill gëeegent. Schwieregkeetsgrad: einfach.

De Startpunkt ass bei Éischt, Richtung Folscht. De geneeë Punkt kann ee sech elo schonn op Google ukucken.

“Gënnt iech eng Paus an der Natur, otemt déif an, erlieft de Bësch mat alle äre Sënner!”

Back to Top
CIM LOGO