
Privatstéit, Gemengegebaier a grouss Sehenswierdegkeeten, wéi zum Beispill den Eiffeltuerm, stoungen tëscht 20.30 an 21.30 Auer am Däischteren. Déi vun der Ëmweltorganisatioun WWF an d’Liewe geruffen “Earth Hour” gëtt zanter 2007 ëmmer de leschte Samschdeg am Mäerz ofgehalen a soll d’Leit dozou motivéieren, Ressourcen ze schounen.
Ee Land huet dëst Joer allerdéngs fir déi éischte Kéier zanter 14 Joer net méi bei der “Earth Hour” matgemaach. Wéi de Kreml-Spricher Dmitri Peskow e Freideg annoncéiert huet, géif Russland sech enthalen. Dat, well de WWF zum “auslänneschen Agent” gi wier.
