
Polizisten haten den Auto op der A6 op der Héicht vu Ramstein gesinn an d’Fra doropshin direkt vun der Autobunn erof geleet. Wéi d’Beamten déi jonk Fra gestoppt a kontrolléiert hunn, huet d’Automobilistin hire Feeler net agesinn. Si hätt uginn, datt et dem Kand “net sou gutt” goe géif a si wier dowéinst gär mat em an ee Fast-Food-Restaurant gefuer.
Wéi d’Police vu Kaiserslautern weider matgedeelt huet, gouf e Prozess géint d’Fra an d’Weeër geleet a weider Stelle fir d’Wuelergoe vum Kand informéiert.