Enn SeptemberGeschwënn en Decathlon am Norden vu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
No der Stad soll den zweeten Decathlon am Grand-Duché am Norde seng Dieren opmaachen an dat schonn nächste Mount.
© Decathlon

Enn September mécht deemno déi éischt Decathlon-Filial am Norde vu Lëtzebuerg seng Dieren op. Dat hunn déi Responsabel per Schreiwes op hirem Internetsite matgedeelt. D'Entreprise huet sech dobäi fir de Standuert "Massen Shopping Center" zu Wäiswampech decidéiert. Den etabléierte Shoppingzenter géif all Joer bis zu 5 Millioune Leit unzéien a läit un der direkter Grenz mat der Belsch an Däitschland. Dëst géif souwuel Awunner wéi och Touristen a Frontalieren unzéien. D'Regioun wier donieft bei Wanderer, Vëlosfuerer, Trail-Leefer a Camper immens beléift an och dowéinst ideal.

D'Filial wäert siwen Deeg d'Woch op sinn, dat heescht och sonndes. Genotzt ginn déi fréier Raimlechkeete vum Kleederbuttek JBC, an deem bis zu 14.000 Visiteuren den Dag passéiere kënnen. Dës Filial ass mat 1.050 Quadratmeter méi grouss wéi deen um Hamilius an der Stad (630 m2), awer e gutt Stéck méi kleng wéi deen zu Sterpenech an der Belsch. Schonn Enn September wëll een déi éischt Clientë am neien Decathlon zu Wäiswampech begréissen.

Back to Top
CIM LOGO