Zanter e Freideg an nach bis den 9. September leeft um Glacis d'Schueberfouer. D'Patrycia an den Charlie vun eisem Social-Media-Team hunn en Tour iwwer dat gréisst Volleksfest am Grand-Duché gedréint a fënnef nei Attraktioune getest.
Als éischt um Menü stoung den Dr Archibald Master of Time, eng Virtual-Reality-Achterbunn, op där een an eng aner Welt transportéiert gëtt. Draachen a Robotere begleeden een duerch eng Fantasiewelt, wou ee seng Perceptioun a Fro stellt.
Dunn ass et a Richtung Schueberfouer-Klassiker d'Wilde Maus gaangen. Dës Attraktioun gehéiert zënter Joren der Famill Göbel. De Besëtzer Sebastian beschreift eis d'Spill an dräi Wierder: familljefrëndlech, rasant an ënnerschat.
Wann een d'Stad eng Kéier op der Kopp gesi wëll, da gëtt et och do dëst Joer eng nei Optioun - de King Loop. An all Direktioun a mat héijer Vitess gëtt een ëmmer nees ronderëm gehäit – ee Spill fir d'Adrenalinjunkies.
A wann dat net genuch fir de Mo ass, dann ass de Skater net wäit ewech. Änlech wéi beim King Loop ass een och hei déi meescht Zäit op der Kopp.
No engem laangen Dag op der Fouer kann ee sech dëst Joer a Spuenien transportéiere loosse mat Paella vum King Kong. Ee klenge Rot zum Schluss: Mat der Paus fir z'iesse sollt een eventuell bis zum Schluss vum Dag waarden.
Bis den 9. September hutt Dir nach Zäit, fir déi nei Attraktioune selwer ze testen oder Iech se unzekucken.